Gebuer den 20. Januar 1954 huet si d’Grondschoul zu Nidderkuer besicht, ier si op Esch an den deemolegen “Meedercherslycée” gaangen ass, deen si 1974 mat dem Premièresdiplom verlooss huet.
Spéider, wéi si an der Primärschoul geschafft huet, huet si Geschichte fir hir Schoulklasse geschriwwen.
Dës Passioun fir Geschichten ze erzielen ass lues a lues méi grouss ginn an esou ass et komm, datt 2001 hiert éischt Buch erauskomm mat dem Titel “ Zodi am Stodi”. 2002 koum dat zweet “Am Dezember ëm Niklosdag” an Zesummenaarbecht mat der “Ecole Marie Consolatrice” vun Esch.
Si haten esou vill Erfolleg, datt si 2026 am Fond-de-Gras bei den alen Zich aktiv musse ginn.
Zwou franséisch Geschichten: “Meurtre au poulailler” an “Vacances au galop” hunn 2012 an 2015 den éischte Präis bei engem Concours vun der Associatioun “Freed um Liesen” gewonnen.
Nieft de Krimie fir Kanner huet si och lokalhistoresch Bicher iwwer d’Gemeng Péiteng geschriwwen.
D’Viviane ass ëmmer erëm frou, wa si de Kanner vun 9-12 Joer hir Geschichte virliese kann, a si geet reegelméisseg a Schoulen an a Bibliothéike aus hire Bicher virliesen.
This is your chance to emphasize why the visitor should contact you right now.